» Positiounen » Themen » Oppent Europa an enger oppener Welt
Oppent Europa an enger oppener Welt
Europa ouni Grenzen
Internet fir jiddereen. Den Internet ass eng vun deene wichtegste Informatiounsquellen a Mëttel zur Meenungsäusserung. Den Zougang zum Internet däerf net behënnert oder ënnerbonne ginn, an all Mënsch muss vun de schnellstméiglechsten Connectioune profitéieren. D'Piratepartei ass strikt géint "3-Strikes" Modeller, oder all aner Form vun Zougangserschwéierung an den Internet.
Lëtzebuerg an Europa. De Prinzip vun Europa ouni Grenzen huet sech a ville Beräicher nach net duerchgesat. Dozou gehéieren och e puer Beräicher, der mer am klenge Lëtzebuerg besonnesch gutt spieren, ob bei deiere Gebühre fir mobil Internet oder kënschtlech Grenze bei Internetshops an Pay-TV. D'Piratepartei setzt sech dofir an, dass Limiten am europäeschen Handel ofgeschaf ginn. Händler a Service Providere sollen ënnerstëtzt ginn, wann se hir Wuer méiglechst europawäit ubidden.
Bildung
Fräi an demokratesche Bildung. All Mënsch huet d'Recht op e fräien Zougang zu Informatioun a Bildung, onofhängeg vu senge soziale Racinen. Schoulen an Universitéite musse gratis an ouni iergendwellech Limitë fir jiddereen zougänglech sinn. Schoulen an Universitéite präge jonk Mënschen a mussen dofir sou weit wéi méiglech enger demokratescher Uerdnung ënnerleeën.
Flexibele Léierprogramm. Bildung heescht net ee Léierkatalog ofzeschaffen, ma muss flexibel op eng oppen an sech verännerend Welt ugepasst kënne ginn. D'Schoulpersonal muss op aktuellEntwécklunge reagéiere kënnen, an dës de Kanner a Jugendlecher erklären. Individuell Betreiung erméiglecht et d'Stäerken ze förderen a Schwäche vu jidderengem ofzebauen.
Medienkompetenz. D'Bildungswese muss sech un déi verännert Medienwelt upassen a Kanner a Jugendlech op den Afloss vun de „neie Medien“ virbereede. Fir dass Kanner a Jugendlecher déi enorm Mengen un Informatioun verschaffen a verstoe kenne, mussen si Medienkompetenz geleiert ginn: vum einfachen Emgang mat „Social Networks“ wéi Facebook, Verhalensregele fir online Foren a Chats, bis hin zu der kritescher Analyse vun de Medien.