Newsletter vom 30 Januar 2010
Häerzlech wëllkomm beim véierten Newsletter vun der Piratepartei Lëtzebuerg!
Mat e bëssen Verspéidung wënschen mer jidderengem deen dësen Newsletter liest en gutt neit Joer 2010! Mir hoffen op en erfollegräicht Joer fir d'Piratepartei an hier Memberen! Villäicht hues du der den gudden Virsaz geholl dech dëst Joer aktiv fir deng Rechter anzesetzen? D'Piratepartei ass wie ëmmer oppen fir all Hëllef; eng Mail un ahoi@piratepartei.lu geet duer fir matzemaan!
Piratepartei intern:
- Op Aluedung vum Stammdësch Treier hunn de Sven Clement an de Jerry Weyer un der Grënnung vum Kreisverband Trier/Trier-Saarburg deel geholl: http://www.piraten-rlp.de/index.php/presse/pressemitteilungen/219-piratenpartei-rheinland-pfalz-gruendet-kreisverband-in-trier. Ons Treier Kollegen organiséiere regelméisseg ee Stammdësch op deem natierlech och all Lëtzebuerger Pirat häerzlech wëllkomm ass: http://wiki.piratenpartei.de/RP:Stammtisch_Trier
- All Pressematdeelung gëtt lo op dëser Wiki Säit geplangt a geschriwwen: http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Pressemitteilungsrichtlinien. Sou kann all Mënsch, deen interesséiert ass oder een Thema well an d'Press bréngen sech un der Redaktioun vun de Pressematdeelunge vun der Piratepartei bedeelegen.
News zu onsen Haaptthemaen:
- Een interessante Resumé vun der Positioun vun der schwedescher Piratepartei zum Thema Copyright Reform: http://christianengstrom.wordpress.com/2010/01/18/the-pirate-party-on-copyright/
- Den ekonomeschen Aspekt bei der Kierperscanner Diskussioun ass wuel méi wei nëmmen niewesächlech: http://www.spiegel.de/wirtschaft/unternehmen/0,1518,671652,00.html
- Nom Ofschloss vum SWIFT Vertrag (http://www.spiegel.de/politik/deutschland/0,1518,669753,00.html) ass d'Noriicht, dass d'FBI d'Excuse vun der Terrorbekämpfung benotzt fir un perséinlech Donnéeën ze kommen nach méi beonrouegend: http://www.spiegel.de/politik/ausland/0,1518,672646,00.html
- D'EU probéiert mam INDECT Projet en internationalen Iwwerwaachungsapparat op d'Been ze stellen: http://www.zeit.de/digital/datenschutz/2009-09/indect-ueberwachung?page=2
- Zu wat iwwerdriwwen Angscht firun Terrorismus féieren kann, och zu Lëtzebuerg, kann een hei noliesen: http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/67535/10-000-euro-entschaedigung-fuer-razzia.php
- Och Spuenien geet ouni Rücksicht op Verloschter géint illegal Downloads fir: http://www.heise.de/tp/blogs/6/146886
- Pressematdeelung mat Biller a Videoen vun der däitscher Piratepartei zum Thema "Nacktscanner" (Ihr braucht uns nicht zu scannen - Wir sind schon nackt): http://www.piratenpartei.de/Pressemitteilung-100110-Ihr-braucht-uns-nicht-scannen-Wir-sind-schon-nackt
- Artikel iwwert d'Band Rednex, déi hiren neien Album mat Partnerschaft mat The Pirate Bay erausbruecht hunn http://musik.klarmachen-zum-aendern.de/content/rednex_record_companies_vs_file_sharers
- Den Autor Paulo Coelho, deen méi wei 65 Milliounen Bicher verkaf huet, erklärt wisou säin Erfolleg nëmmen wéinst Filesharing méiglech war: http://economictimes.indiatimes.com/news/news-by-industry/et-cetera/Why-digital-media-is-a-novelists-best-friend/articleshow/5368489.cms
- Google wëll sech vum chineesesche Maart zréck zeien, ma Apple zenséiert weider hiren App Store: http://www.computerworld.com/s/article/9142845/Apple_censors_Dalai_Lama_iPhone_apps_in_China
- 3-Strikes-Model an England gëtt den Staat extrem deier: http://technology.timesonline.co.uk/tol/news/tech_and_web/the_web/article6969105.ece
- Artikel iwwert en weidere Problem vu Kierperscanneren: New scanners break child porn laws: http://www.guardian.co.uk/politics/2010/jan/04/new-scanners-child-porn-laws
Och dës Kéier soll den Hinweis net feelen, dass jiddereen op http://wiki.piratepartei.lu/wiki/Newsletter kann Links posten, déi en am Newsletter well gesinn! Wat méi Leit posten, wat d'Quellen och méi verschidden sinn!
Bescht Gréiss vun der Piratepartei!
