» d'Partei

D'Piratepartei Lëtzebuerg

D'Piratepartei Lëtzebuerg ass den 4. Oktober 2009 gegrënnt gi fir géint den Iwwerwaachungswahn an ee veraltent Urheber- a Patentrecht virzegoen. Als jonk Partei ass et ons wichteg ons Memberen an den Entscheedungsprozess anzebannen an all Interesséiertem d'Méiglechkeet ze ginn ons Positioun mat ze gestalten.

Mir gesinn ons als weidere Member  vun der internationaler Beweegung vun de Pirateparteien an hunn déi selwecht Grondfuerderungen. Trotzdem wäert sech d'Piratepartei Lëtzebuerg och fir national Froen interesséieren an sech och op EU-Niveau fir d'Lëtzebuerger asëtzen.

 

Du wëlls Member bei der Piratepartei ginn? Dann fëll den Membersformulaire aus: Gëff Pirat!

Du wëlls d'Piratepartei aktiv oder finanziell ënnerstëtzen? Diskutéier mat ons oder maach een Don:

 

Firwat "Pirate"?

D'Piratepartei Lëtzebuerg ass en Deel vun enger europäescher Beweegung an huet den Numm vun aneren Pirateparteien iwwerholl. D'Virbild ass déi schwedesch "Piratpartiet", déi sech 2006 gegrënnt huet fir géint Iwwerwaachung, een veraaltend Urheber- an Patentrecht an Datenmëssbrauch virzegoen

Weider Informatiounen iwwer d'Geschicht vun der Piratepartei.

Firwat eng nei Partei?

Déi traditionell Parteien a Lëtzebuerg ignoréieren d'Haaptpunkten vun onsem Parteiprogramm. Den Internet, an déi "nei Medien" am allgemengen, ginn nëmmen ganz seelen thematiséiert, an d'Politik verschléift déi wichtegst Entwécklung vun de leschten Jorzéngten. D'Piratepartei well d'Bierger net nëmmen opklären, mä hinnen och d'Chance ginn eppes ze veränneren, hier Rechter ze stäerken an d'politesch Entscheedungen un d'Entwécklungen vun de leschten Jorzéngten unzepassen.

Wou positionéiert sech d'Piratepartei?

D'Piratepartei léist sech net am klasseschen "lenks-riets" Spektrum positionéieren. All Persoun kann sech unhand onsen Themaen en eegent Bild maachen ouni vun politeschen Ideologien beaflosst ze ginn.

Ass d'Piratepartei nëmmen eng Partei fir Jonker?

D'Piratepartei ass eng Partei fir Mënschen vun all Altersklass! D'Verteidege vun de wichtegste Biergerrechter ass keng Fro vun Alter. Den aktuellen Duerchschnëttsalter an der Piratepartei Lëtzebuerg, an deenen aneren europäeschen Pirateparteien, ass méi niddreg wei an aner Parteien, wat virun allem op déi grouss Ënnerstëtzung vun den Internetbenotzer zeréck ze feieren ass. Mä den Internet ass ouni Altersgrenz, d'Piratepartei scho guer net!

Piratepartei Lëtzebuerg, 1, Sonnestrooss, L-5683 Dalheim - ahoi@piratepartei.lu
CC-BY 2.5 Switzerland - original design by convex.ch | Impressum | Kontakt