» Positiounen » Themen » Gliesene Staat amplaz gliesene Bierger
Gliesene Staat amplaz gliesene Bierger
Privatsphär an Dateschutz
Géint den Iwwerwachungswahn. Säit 2005 mussen Telekomprovideren a Lëtzebuerg all Telefonsverbindung, E-Mail an all Internetconnectioun vun all Mënsch a Lëtzebuerg 6 Méint laang späicheren, ouni, dat enbegrënnte Verdacht bestoe muss. Dës Viratsdatespäicherung ass een déiwen Aschnëtt an d'Privatsphär, verletzt d'Onscholdsvermutung, an erméiglecht eng 24-Stonnen Iwwerwaachung vun all Mënsch. Dobäi kënnt déi flächendeckend Iwwerwaachung vun ëffentleche Platze mat Videokameraen. De Betrib vu sou Kameraen ass immens deier ouni, dat een en positiven Afloss op d'Kriminalitéitsrat noweise kann. Mat Aféierung vum biologesche Pass gi lo och biologesch a genetesch Donnéeën op engem onséchere Funkchip gespäichert. D'Piratepartei refuséiert dës Entwécklung mat ze maachen a fuerdert d'Ënn vum Iwwerwaachungswahn!
Besseren Dateschutz. Millioune vun Donnéeë mat perséinlechen Informatioune sinn a verschiddenen Datebanke gespäichert, ouni, dass fir hier Sécherheet garantéiert ka ginn. Perséinlech Donnéeë ginn net nëmme schlecht geschützt, si gi souguer ënner staatlecher Féierung verbreet. D'EU huet en Ofkommes mat den USA beschloss, wat et den USA erlaabt mam Virwand vun der Terrorfahndung Bankdonnéeë vun all europäesche Bierger ze duerchsichen. Fir dësDonnéeë kënnen ze schütze muss all Bierger d'Méiglechkeet hunn seng perséinlech Donnéeën zréck ze verfollegen, änneren, oder läschen ze kënnen.
Géint Zensur
Fräi Meenungsäusserung. An enger fräier a multimedialer Welt ass eng fräi Press an d'Recht, seng eegen Meenung oppen ze soen oder ze verëffentlechen een fundamentalen Deel. En demokrateschen Staat dierf Meenungsbildungen net verhënneren oder erschwéieren. Kultur a Konscht muss sech fräi entwéckelen kënnen an dierf net vum Staat kontrolléiert, verännert oder verbueden ginn. Dofir sinn d'Piraten géint all Art vun Zensur, vun der Press, dem Internet oder Fernseh, Literatur, Videosspiller, Musek oder all aner Art vun Konscht.
Transparenz vum Staatswiesen
Fräi Aktenasiicht. Den Abléck an d'Aarbecht vu Verwaltung a Politik op all Niveau vun der staatlecher Uerdnung muss garantéiert, geschützt a ugewannt ginn. All Mënsch muss onofhängegvu sengem Interêt an ouni Begrënnung d'Recht hunn op all Niveau vum der staatlecher Uerdnung Abléck an Dossieren a Prozesser ze huelen, déi de jeeweilegen Administratiounen zur Verfügung stinn. D'Limite vun dësem Recht sinn den Dateschutz, national Sécherheet, Verhënnerung vu Strofdoten asw. Dës Ausnameregelunge sinn sou enk wei méiglech ze definéieren an eendeiteg ze formuléieren an dierfen net pauschal ganz Administratiounen ausgrenzen. All ëffentlech Administratioun muss regelméisseg eng Organisatiouns- an Aufgabebeschreiwung verëffentlechen.
Benotze vu fräier Software. Staatlech Stelle sollen d'Benotze vu fräier Software forcéieren, eng automatesch Verëffentlechung vun Dokumenter ariichten an allgemeng käschten- an obwandsgënschteg den digitalen Zougrëff ausbauen. Den "Prinzip vun der Ëffentlechkeet" muss méi wichteg sinn wéi den "Prinzip vun der Geheimhaltung". No der fester Iwwerzeegung vun der Piratepartei muss an enger moderner Wëssensgesellschaft den eegestännege Bierger muss am Mëttelpunkt vum staatlechen Handele stoen.