» Matmaache » Gëff Pirat!
Gëff Pirat!
Wat sinn meng Virdeeler als Member?
All interesséiert Persoun ka bei der Piratepartei matmaachen. Awer nëmme Membere kënnen um Landeskongress ofstëmmen an domadder déi preparéiert Virschléi unhuelen. Och kënnen sech nëmme Membere bei der Präsidiumswahl presentéieren. Wanns Du also aktiv mat entscheede wëlls, wéi d'Politik vun der Piratepartei ausgesi soll, da gëff Member!
Membersformular
D'Cotisatioun vun der Piratepartei Lëtzebuerg ass 36€, d.h. 3€ pro Mount. Jugendlecher kënnen eng Reductioun froe fir nëmmen d'Halschent mussen ze bezuelen, d.h. 18€. Iwwer 26 Järeger kënnen eng begrënnten Demande man fir och vun dëser Reductioun ze profitéieren.
Weider Schrëtt
Nom Verschécke vum Formular gëtt Deng Demande gespäichert a mir schécken Dir sou schnell wéi méiglech ee Bréif mat Dénger Memberskaart. Nodeems d'Cotisatioun bei ons ukomm ass bass du Member bei der Piratepartei Lëtzebuerg an hues dat aktivta passivt Stëmmrecht op dem Landeskongress.