» Positiounen » Themen » Fräit Wëssen a Kultur
Fräit Wëssen a Kultur
Urheberrecht
Méi geréng Schutzdauer. Aktuell ass een urheberrechtlecht Wierk bis 70 Joer nom Dout vum Auteur geschützt. Dës Schutzdauer muss spéitstens mam Dout vum Auteur ze Ënn goe firee Gläichgewiicht tëscht kommerziellen Interessien a kultureller Vilfalt ze erméiglechen.
Weiderginn vum geschützten Wierker zu privaten Zwecker. D'Recht op d'Privatkopie muss gesetzlech geregelt ginn. Aktuell gesäit d'Lëtzebuerger Recht d'Recht op eng Privatkopie fir, ma de respektiven groussherzoglechen Reglement léist säit Joren op sech waarden. Weider muss d'net-kommerziell Weiderginn vun urheberrechtlech geschützten Wierken ("Filesharing") legaliséiert ginn fir dat veraltent Urheberrecht (droits d'auteur) un déi nei Medien unzepassen an den Iwwerwaachungsstaat ze verhënneren.
Patentrecht
Keng Patenter op Software. Patenter op Software verhënneren d'fräi Weiderentwécklung vu Software an d'Entwéckele vu néien, bessere Léisunge fir generell Problemer. Trivialpatenter op Software verhënneren, dass modern Technik fir jiddereen zougänglech gëtt.
Keng Patenter op Medezin. Patenter op Medezin schuede jidderengem. Medizinesch Patenter verhënneren en groussflächeg Verdeele vu Medikamenter an der drëtter Welt an domadder eng flächendeckend Behandlung vun heelbare Krankheeten.
Open Access
Fuerschungsresultater verëffentlechen. Ëmmer méi Fuerschung a Software gëtt vu staatlecher Hand finanzéiert oder vum Staat an Optrag ginn. Wëll dësProjete vu staatlecher Hand finanzéiert ginn an d'Resultater, Publikatiounen a Software e Notze fir d'Allgemengheet duerstellt, mussen se fir all Bierger ëffentlech zougänglech gemat ginn.