Wei weider Themaen abauen? Allgemeng Diskussioun...

Sonstige Themen - Autres thèmes

Wei weider Themaen abauen? Allgemeng Diskussioun...

Postby Jay » 31. December 2009 16:35

Hallo,

hei gëtt dei Diskussioun vun der ML weider gefouert:

Puer Problemer vun der däitscher Piratepartei ginn ugeschwaat:

http://www.spiegel.de/politik/deutschla ... 49,00.html

Mir mussen doraus leieren. Ons Buchführung gëtt lo schon net mat Ziedelen gefeiert an bislo ass na lles quitteiert ginn ;) Ma besonneg Thema-Erweiderung dierf net iwerstierzt ginn, haptsächlech sulaang mer keng grous Basis hunn. Gesäit een jo all Daag wei wichteg dei puer Themaen sinn/ginn dei mer schon hun, deen Opwand soll net verwässeren!


Eischten Kommentar dozou:
Mir mussen doraus leieren. Ons Buchführung gëtt lo schon net mat Ziedelen gefeiert an bislo ass na lles quitteiert ginn ;)

Et muss een sech allerdings d'Fro stellen, wéi fundamentalistesch eis däitsch Kollegen sinn, wann së nët emol z.B.den OpenOffice gebrauchen ;-)

Ma besonneg Thema-Erweiderung dierf net iwerstierzt ginn, haptsächlech sulaang mer keng grous Basis hunn.

Richteg! Alles kascht Aarbecht a wann een nët genuch Ressourcen huet, steet een eventuell ë bësse plakeg do .

ANERERSAITS:
Et ginn e puer Thema'en die hei am Land diskutéiert ginn (och international) a wou menger Meenung no eng ganz Partie vun de Leit (Wieler!) mengen, datt se vun den établéierten Parteien nët opgegraff ginn bzw falsch ënnerstëtzt ginn.
Ech mengen zB den Tram, eis (inexistent) Energiepolitik an d'Reaktioun op d'Finanzkris.

Et wär extrem schued, wa mer eis nët dozou gingen positionéieren, an domat den Ament gingen verpassen, wou ee Leit fir eis Zieler kënnt begeeschteren !!
Och wann den Internet jiddfereen ugeet, sou musse mer dem Wieler dach weisen/ bäibréngen, datt mer fir méi stinn - well soss besteet de Risiko , als ADR o.ä. ze endegen.

Gesäit een jo all Daag wei wichteg dei puer Themaen sinn/ginn dei mer schon hun, deen Opwand soll net verwässeren!


Ech ging folgendes virschloen:
Positionéieren kënne mer eis jo ëmmer derzou. Dat heescht jo mol nët direkt, datt mer elo do vill Öffentlechkeetsaarbecht musse leeschten. Mé den potentiellen Ënnerstëtzer/Wieler vun eiser Partei soll awer gesinn, a wat fir eng Richtung mir ginn an denken. Dëst ka jo roueg einfach als Statement vum Parteiprogramm / politik op eisem Site stoen.

A nët vergiessen: och eng "schlecht" Publicity ass eng gudd Publicity - virun allem am Ufank vir bekannt ze ginn. Wat mer méi oft an der Press sinn, wat besser. (Ech hoffen jo nët datt mir ELO schons Angscht hunn unzëecken ! )

Ech géng duerfir virschloen, fir roueg eisen Kommentar zu villen aktuellen Froen ze veröffentlechen - et geet jo drëms datt mer weisen, datt d'Piratepartei ANESCHT, FLEXIBEL an IDEOLOGIEFRÄI kann Léisungen présentéieren.

Op d'Gefor hinn nach eng Kéier philosophesch ze ginn: wat erwaaden ech vun der PP?
Ech mengen, datt dëst eventuell den Ufank kënnt sinn, vir die konventionell Parteiestruktur a real (on-)fonktionéiernd Demokratie opzebriechen, a nei Strukturen ze schaafen, déi op gegeben Problemer einfach die bescht Léisung kënnen présentéieren - an die nët beaflosst ass vun Historie, Parteidenken an aneren Contrainten. Léisungen FIR de Bierger, a nët géint ën. Léisungen FIR eng Gesellschaft vum 21 Joerhonnert, a nët linear Extrapolatiounen aus dem 19ten an 20ten !

Ech mengen, dës Kris huet eis gewisen, datt ët esou nët funktionéiert. Wann zB d'Léisung ging heeschen (just als suppositioun), datt d'Banker op hir Gewënner extrem héich besteiert ginge ginn, da kéint d'PP esou eppes ënnerstëtzen (fréier wär een domadder e "Lénken" gewiescht). Wann d'Léisung ging heeschen, méi Maart an Dérégulatioun, kënnte mer dat och maachen (fréier wäre mer dann "NeoCons" gewiescht).
Wat ech domadder wëll soen, ass: ech gesinn d'PP als Méiglechkeet die richteg Léisungen ze ënnerstëtzen, egal wéi se ausgesinn.

Datt domadder natierlech d'Kommentaren vun der Press an aneren Parteien virprogramméiert sinn wie "wankelmütige PP" oder " keine Linie erkennbar" ass kloer - mé déi Leit entlarven sech domadder just selwer als zu vergaangenen Zäiten zougëhéiereg, an do kann een dann nëmmen mam Gorbi äntweren: Wer zu spät kommt, den bestraft das Leben.

Ët wär also sënnvoll, bei enger (General-) Versammlung d'nächste Kéier driwwer ze décidéieren, zou wat fir engen Thema'en mer eise Moschter sollten bäiléen :-), a wat fir en(g) Text(er) mer online stellen.
Pierrot


An eng éischt Äntfert:
Hallo,

2009/12/31 Pierrot Bis-Baum <pbisbaum@pt.lu>

Mir mussen doraus leieren. Ons Buchführung gëtt lo schon net mat Ziedelen gefeiert an bislo ass na lles quitteiert ginn ;)
Et muss een sech allerdings d'Fro stellen, wéi fundamentalistesch eis däitsch Kollegen sinn, wann së nët emol z.B.den OpenOffice gebrauchen ;-)


OpenOffice ass jo keng Compta-Software. Ma stëmmt schon, et gin ëmmer Meiglechkeeten dass besser ze leisen wei mat Ziedlen ;)

ANERERSAITS:
Et ginn e puer Thema'en die hei am Land diskutéiert ginn (och international) a wou menger Meenung no eng ganz Partie vun de Leit (Wieler!) mengen, datt se vun den établéierten Parteien nët opgegraff ginn bzw falsch ënnerstëtzt ginn.
Ech mengen zB den Tram, eis (inexistent) Energiepolitik an d'Reaktioun op d'Finanzkris.


Mir brauchen dann awe och Léisungen! An weder bei Tram, Energie, nach Finanzkris hu mer Experten am Moment. Dat war lo een verstoppten Opruff, wanns Du gären eng Positioun verfaass si mer mei wei bereed se ze thematiséieren :) Ma besonneg Finanzkris an Energiepolitik ass en ganz komplext Thema, wou mer och vill "Konkurrenz" (aaner Parteien) mat vill mei Erfahrung hunn.

Ech ging folgendes virschloen:
Positionéieren kënne mer eis jo ëmmer derzou. Dat heescht jo mol nët direkt, datt mer elo do vill Öffentlechkeetsaarbecht musse leeschten. Mé den potentiellen Ënnerstëtzer/Wieler vun eiser Partei soll awer gesinn, a wat fir eng Richtung mir ginn an denken. Dëst ka jo roueg einfach als Statement vum Parteiprogramm / politik op eisem Site stoen.


Ech sin do aanerer Meenung. Ech gesin d'Piratepartei net als Partei dei generell Positiounen ausgëtt ouni konkret Firschléi. Ech fannen och, dass d'Piratepartei besonneg fir Ëffentlechkeetsarbescht steet. Aaner Parteien informéieren de Bierger net, ganz am Geigendeel. D'Pirate sollen d'Leit informéieren, dass se een wëssentlechen Choix kennen maachen.

A nët vergiessen: och eng "schlecht" Publicity ass eng gudd Publicity - virun allem am Ufank vir bekannt ze ginn. Wat mer méi oft an der Press sinn, wat besser. (Ech hoffen jo nët datt mir ELO schons Angscht hunn unzëecken ! )


Gesin ech och ahnescht. Et geet mir net drem Publicity fir all Präis ze man.. Ech wëll just Léisungen zu Probleemer fannen. An dofir brauch een Wëssen. An der Press ronderempoteren ouni Inhalt, dofir sinn aaner Leit zoustänneg. Ech sin leiwer manner an der Press an dofir mat begrënnten an ausgeschafften Ideen.

Ech géng duerfir virschloen, fir roueg eisen Kommentar zu villen aktuellen Froen ze veröffentlechen - et geet jo drëms datt mer weisen, datt d'Piratepartei ANESCHT, FLEXIBEL an IDEOLOGIEFRÄI kann Léisungen présentéieren.


Genau: Léisungen. Ma mir sinn och basis-demokatesch, an den Präsidium kann net einfach ma Numm vun der Partei Froen kommentéieren, déi net akzeptéiert ginn sin vun der Basis. Duerfir sollen et d'Membere sinn, dei Positiounen auschaffen an jiddereen wielt op en dofir oder dergéint ass.

Fir Deng Idee opzegräifen: et kéint een eng Art "Piratenchannel" opmaan, wou een Thema ausgeschafft gëtt, online ofgestëmmt an dann verëffentlecht. Ech denken do och un Aarbeschtsgruppen, dei sech mat den Themane beschäftegen, dann een Kommuniqué schreiwen, deen Kommuniqué gëtt ofgestëmmt (z.B: online voting, dass mer schnell a flexibel bleiwen) an dann verschéckt. Sou kéinte mer zu aktuellen Themaen Positioun huelen an trotzdem basis-demokratesch bleiwen.

Ech wëll awer net, dass mer Kommentäiren zu Themane lass ginn, dei net am Programm stinn. Daat gëtt soss een decken Duergerneen an herno wees keen mei waat d'Piraten iwerhaabt sinn.

Ech mengen, dës Kris huet eis gewisen, datt ët esou nët funktionéiert. Wann zB d'Léisung ging heeschen (just als suppositioun), datt d'Banker op hir Gewënner extrem héich besteiert ginge ginn, da kéint d'PP esou eppes ënnerstëtzen (fréier wär een domadder e "Lénken" gewiescht). Wann d'Léisung ging heeschen, méi Maart an Dérégulatioun, kënnte mer dat och maachen (fréier wäre mer dann "NeoCons" gewiescht).
Wat ech domadder wëll soen, ass: ech gesinn d'PP als Méiglechkeet die richteg Léisungen ze ënnerstëtzen, egal wéi se ausgesinn.

Do sin ech der selweschter Meenung!
Datt domadder natierlech d'Kommentaren vun der Press an aneren Parteien virprogramméiert sinn wie "wankelmütige PP" oder " keine Linie erkennbar" ass kloer - mé déi Leit entlarven sech domadder just selwer als zu vergaangenen Zäiten zougëhéiereg, an do kann een dann nëmmen mam Gorbi äntweren: Wer zu spät kommt, den bestraft das Leben.

Ech mengen mat der Zäit kristalliséiert sech eng Linn raus, wei dei ass hänkt vun de Memberen of. Ech wëll dei Linn just net katalogiséieren, ob Lénks oder rietz ass egal, herno gëtt dei Linn d'Piratepartei Orientéierung genannt ;)
Ët wär also sënnvoll, bei enger (General-) Versammlung d'nächste Kéier driwwer ze décidéieren, zou wat fir engen Thema'en mer eise Moschter sollten bäiléen :-), a wat fir en(g) Text(er) mer online stellen.


Et muss mol keng General Versammlung sinn. En Treffen as geplangt fir dei Saachen ze beschwätzen. Soueppes muss just geplangt ginn, an mir sinn nach emmer 4-5 Leit dei aktiv matmaan (an dei Leit studéieren/schaffen och nach).

Ech fannen et gudd wann Memberen sech wëllen mat abréngen. Wanns Du eng Meenung zu engem Thema hues waat mir na net am Programm hunn, dann kéinte mer ons zesumme sätzen an eng Positioun ausschaffen! Sou fonktionnéiert d'Piratepartei an ech sin frou, dass daat su lues un d'Rullen kënnt :) Also wanns de mengs mir sollten ons mei mat Finanz, Ëmwëlt etc. beschäftegen, schrei mir eng Mail mat denger Idee (jerry.weyer@piratepartei.lu) (oder soss engem Präsidiumsmember), mach en Beitrag am Forum op oder ähnleches. Mir probéieren ons bescht Treffen ze organiséieren, an sinn och do fir all Hëllef bereed! Mir hun all na aaner Pflichten, ma waat mei Leit aktiv derbäi sinn, waat mer mei arreechen!

Ech muss héi awer nach emoll soen, dass daat alles nëmmen meiglech ass, wann sech Leit engagéieren. Et ass am Moment baal net ze packen den aktuellen Programm ze verteidegen; nei Themaen brengen ons zu Fall ii mer richteg ugefaang hunn. Mir brauchen engagéiert Leit! Wann een sech also beruff fillt, een Thema besonneg gudd kënnt, schéckt mer eng Mail, ech wëll scho mei laang Aarbeschtsgruppen grënnen. Ma daat gëet net zu 5! Nëmmen zesummen kënne mer eppes ereechen!

Mat beschte Gréis,

Jerry Weyer

P.s. Ee gudde Rutsch ierg alleguerten :)
Jay
Vize-Präsident
 
Posts: 34
Joined: 7. December 2009 14:30

Re: Wei weider Themaen abauen? Allgemeng Diskussioun...

Postby jolll » 1. January 2010 04:12

Esou eppes wéi Idieologiefraiheet ged et net.
Et sief dann et wëll een als "ech wëll een Setz an der Chamber, ob deen kann ech mech zwar net setzen wëll ech der am Fong zwee braischt"-Jaerling-Biergerlescht endegen.

och wann een Gesetzer/Diskussiounen à la Zensurusula eventuell nach kann mat "ideologiefraien" Menscheverstand léisen, spéitens bei der Netzneutralitéit muss een eng Positioun anhuelen, déi ëmmer irgendwéi ideologesch gefirwt ass.

Ass Piraten-Line da keng Ideologie?

Schéint néit Joer vum ewiggestrigenen joël
jolll
 

Re: Wei weider Themaen abauen? Allgemeng Diskussioun...

Postby Jay » 1. January 2010 12:42

jolll wrote:Esou eppes wéi Idieologiefraiheet ged et net. [...]

Ass Piraten-Line da keng Ideologie?


Dei Diskussioun haat ech och schons mat aaner Memberen. D'Piraten sinn jo fir Fräiheet, Biergerrchter an Demokratie, an daat ass eng Ideologie menger Meenung no.

Waat mir mat post-ideologesch mengen (an doriwwer war ons Disskussioun gang ;) ) ass, dat mer net wëllen Léisungen ausschléissen, well se ze "liberal", "sozialistesch" etc. sinn. D.h. mir orientéieren ons Poilitk net vun uewen erof (politescht Weltbild -> Léisung), ma kucken einfach dei bescht Léisung ze fannen.

Probleemer wärten awer kommen, an do ass et wou ech mengen, dass mer dach ideologesch sinn. Wann z.b. den Här Halsdorf eng onofhängeg Etude mache leist, dei seet, dass Videoiwwerwaachung d'Kriminalitéit ëm 60% faalen leist, ouni Nowierkung (ech soot wann ;) ), dann wier ech nach emmer géint Video-Iwwerwaachung. Dann wier daat awer schon op ideologeschem Plang gerechtfertegt (ech well net vum Staat iwwerwaacht gin, sulang et nach aaner Méiglechkeeten ginn).

jolll wrote:Schéint néit Joer vum ewiggestrigenen joël


Wënschen ech dir och!
Jay
Vize-Präsident
 
Posts: 34
Joined: 7. December 2009 14:30


Return to Aaner Themaen

Who is online

Users browsing this forum: No registered users and 1 guest