Souvill zum "libre choix" vum fournisseur

Offenes Europa in einer offenen Welt - Une Europe ouverte dans un monde ouvert

Souvill zum "libre choix" vum fournisseur

Postby svnee » 29. December 2009 14:42

Salut alleguerten,

ech wëll elo just mol e puer Leit doriwwer informéieren wat grad hei zu Duelem (Dalheim) lass ass. Vue datt eis Parteizentral bei mir doheem ass bis mer Fongen hun fir eng aaner Platz ze lounen, benotzen ech fir Parteiarbecht och den Internet vun heiheem. Dat huet bis elo gudd geklappt, mir hun en Abo inklusive Tele bei numericable (ehemals Coditel) a bezuelen däitlech manner wie bei der Konkurrenz, wat dat awer elo ubelangt huet d'Gemeng Duelem als Besëtzer vum CATV Réseau eis d'läscht Woch driwwer informéiert, datt eis numericable Servicer ab dem 1.1.2010 nët mi fonctionnéieren, domadder also effektiv d'Pirateparteizentral vum Internet geholl gët. Dëst well si d'Verwaltung un imagin soustraitéieren.

Laut mengem Verständnis, ass dat ee klore Verstouss géint den Paquet Télécom vum 30.03.2005 deen e kloren diskriminéierungsfräien Zougang fir all Provider zu den Télékommunikatiounsnetzer fuerdert. Dëst ass ee Gesetz iwwert dat sech eng Gemeng u sech net eweschsetze kann, mee den Hr. Kasel vun imagin huet eis haut bestätegt datt si trotzdem den Zougang vun numericable em 00:00 den 31.12.09 spären.

Wat hal dir dofunner, ass iergendeen hei den och der Meenung ass, datt dëst illegal ass? Oder zumindest fundamental géint de Sënn vum Paquet Télécom verstéisst?

Ech géif mech iwwer Remarquen hei oder am Forum fréën.

Sven Clement
Never be afraid of trying something new! Remember, professional engineers build the Titanic but only one amateur build the Ark!
User avatar
svnee
Präsident
 
Posts: 20
Joined: 7. December 2009 14:08
Location: Lëtzebuerg

Re: Souvill zum "libre choix" vum fournisseur

Postby Dave » 29. December 2009 15:11

ech fannen daat eng sauerrei, mengen et misst een viviane reding dovun an kenntniss setzen, mol de metten direkt eng pm opsetzen an medien informeieren an virun allem lait zu duelem, wanns de wells kennen mer jo flyeren ausdroen goen! do hun se deem falschen un been gepisst
Dave
 


Return to Oppent Europa an enger oppener Welt

Who is online

Users browsing this forum: No registered users and 1 guest