Keng Patenter op Medezin. Patenter op Medezin schuede jidderengem. Medizinesch Patenter verhënneren en groussflächeg Verdeele vu Medikamenter an der drëtter Welt an domadder eng flächendeckend Behandlung vun heelbare Krankheeten.
E Patent garantéiert enger pharmazeutescher Firma e begrenzten Recht, hiere Produit ze schützen. Ouni Patenter keen Ureiz nei Medikamenter z'entwecklen. D'Entwecklung vun engem duerchschnëttleche Medikament kascht zirka 2 Milliarden Euro. Dat kann KEEN öffentleche Sekteur am grousse Stil finanzéiren. Nëmmen d'Garantie datt een eventuell kéint Profit mat deem Medikament ka man, sëchert dës Industrie. Dat ass e Fakt emt deen mer net kommen.
Et sin doriwer eraus och net (nemmen) d'Patenter, déi d'Verdeelen vu Medikamenter an aarmen Regiounen verhënneren. Et gin genuch gescheitert Beispiller heifier, mee fir et op de Punkt ze brengen hellefen all onpatentéiert Medikamenter op der Welt näischt wann op der Platz wou se gebraucht gin net déi néideg Konditiounen herrsche fir se unzewenden. Dat mag soit un der Infrastruktur leien, u geschoultem Personal, oder u reliéisem Aberglauben. Et gi Leit déi behaapten dass och fir all dës Aspekter d' Verantwortung bei der Pharmaindustrie leit, mee och wann dann huet et näischt mat Patenter ze din.
Ech huelen jo un dass der dëse Punkt och politesch wëllt verfolgen zu Lëtzebuerg, an datt et net nemmen eng eidel Parol ass. Wéi soll dat am prakteschen ausgesin? Vue datt menges Wëssens no keng nennenswert Medikamenten Industrie zu Letzebuerg existéiert. Fuerdert dir etwa datt keng auslännesch patentéiert Medikamenter zu Lëtzebuerg sollen zougeloos gin? Wier et net vill méi realistesch, Generika, do wou méiglech, ze ennerstëtzen, an méi Suen an gezielten an nodréiglech Entwecklungshëllef ze stichen?
Fuerschungsresultater verëffentlechen. Ëmmer méi Fuerschung a Software gëtt vu staatlecher Hand finanzéiert oder vum Staat an Optrag ginn. Wëll dësProjete vu staatlecher Hand finanzéiert ginn an d'Resultater, Publikatiounen a Software e Notze fir d'Allgemengheet duerstellt, mussen se fir all Bierger ëffentlech zougänglech gemat ginn.
Mat desem Punkt hun ech méi spezifesch Problemer. Eischtens emol wees ech net wat dir enner Resultater verstid. Meng dir heimat einfach datt all Publikatioun, deren Entwecklung zu engem gewessen Punkt finaziell Ënnerstetzung vum Staat kritt huet, an déi dann an engem wëssenschaftlechen Journal publizéiert get, muss fir e Lëtzebuerger Bierger asichtlech sin? Dat wier a mengen Aen wënschenswert an technesch machbar. Normal Bierger hun generell keen Gratis Zougang zu solchen Journals, mee vill öffentlech Bibliothéiken hun Abonnementer op déi gängegst Fachzeitschrëften. Et kéint een also zousätzlech dozou vun all deenen genannten Publikatiounen eng Kopie an der Nationalbibliothéik hannerloosen, déi de Public sech da kéint ukucken. Et kéint een är Ausso awer och anescht interpretéiren. ZB kéint der dës Fuerscher forcéiren, hier Resultater an sougenannten Open Access Journals ze publizéiren. Dat wier deelweis e Problem, well des Journals generell (nach) net sou héich ugesin sin. Et ass awer fir e Fuerscher an senger (akademescher) Karrier entscheedent, souvill wéi méiglech an gudden Journals ze publizéiren. Dir géift soumat Fuerscher aus Lëtzebuerg verdreiwen, well se do kloer en Nodeel géintiwer vun Nopeschlànner hätten.
Eng drëtt Interpretatioun wier, datt d' Fuerscher ALL hier Resultater permanent missen public haalen. Dëst kann intressant sin am Fall vun medezineschen Studien déi soss net géife publizéiert gin, wann d'Medikament zB keng Wierkung haat. Fir all aner Situatioun gesin ech awer e grouuse Problem. Eischtens emol ganz kloer wéinst der Kompetitioun, déi international herrscht an d'Fuerchung an d'Entwecklung no fier dreift. Zweetens awer weenst dem generellen Onverständnis vum Publik, wat Fuerschung ass a wat se kascht. Ech gesin elo schon d'Ierbessenzielerten aus allen politeschen Reihen wat wéien Fuerscher/Labo u Material "verschwend" huet, well se hiert Resultat net konnten publizéieren. Kloer muss eng Justifikatioun vun der Verwendung vun öffentlechen Gelder existéiren, mee dës get generell primär vun geschoulten Experten beurteelt an net vum Public oder Politiker. Dës hun zwar Asiicht op déi graff Ausgaben, mee et ass hirnresseg all eenzelt Experiment ze bewerten, souguer fir Experten. Ausserdem wier et weder technesch (duerch déi schier Datenflut) nach Zeittechnesch (fir déi jeweileg Fuerscher) méiglech, all Detail vun all Experiment esou ze dokumentéiren, datt d'öffentlechkeet et keint nofollzéien.
Ech hoffen et spiert sech vun iech keen perséinlech ugegraff, wat net den Zweck vu mengen Kommentaren war, mee éischter motivéiert doriwer ze diskutéiren an meng Aussoen ze widerleen.
